E Méindeg, 23.10. 2023 konnten d’Schoulkanner, zesumme mat hirem Léierpersonal an a Presenz vum Schouldirekter Gérard Roettgers, dem Schäfferot vun der Äerenzdallgemeng, der Maison Relais an der Elterevereenegung zwee Schecke vu jeeweils 3 000€ iwwerreechen.
Ee Scheck ass un d’S.O.S Kannerduerf gaangen an den zweeten un d’FAL – Fondatioun Autisme Luxembourg. Mir spenden den Erléis vum Chrëschtmaart am Dezember 2022 a vum Schoulfest am Juli 2023. Ee grousse MERCI geet u jiddereen deen eis bei eise Fester ënnerstëtzt an domadder hëlleft eppes fir de gudden Zweck ze maachen.
0 Kommentare
|
AutorSchreiben Sie etwas über sich. Es muss nichts Ausgefallenes sein, nur ein Überblick. ArchivKategorien |